"Juke Joint" Quiz Owend

Thema: Blues & Rock, mat live musek

Organisatioun: Ben & Claude

Date:
Venue:
Sang a Klang
Luxembourg (LU)
Entrance Fee:
8€/person

Infos an Umeldung bei monniben [at] pt.lu

Den 1. September 1999 ass déi 1. Juke Joint Emissioun op Radio Ara gelaf. Zënter hier proposéieren de Claude an de Ben all Mëttwoch Owend vun 20.00 bis 22.00 Auer Blues a Boogie op dëser Antenn (102,9/105,2 MHz)

Déi 1000. Emissioun geet den 31. Oktober iwwert d'Bühn!. Dat Ganzt soll dann och, eppes méi spéit, den 23. November am Sang a Klang gefeiert ginn, an dat mat engem speziellen Quiz-Owend, wou all Mënsch häerzlich invitéiert ass.

D'Dieren ginn um 19.00 Auer op, an den Owend fänkt spéitstens um 20.00 Auer un.

Equippen bis zu 6 Leit sollen sech umellen - Participatioun läit bei 8€ op de Kapp.

Quix Froen iwwert Blues a Rock ginn op Lëtzebuergesch a Franséisch gestallt, an den Handy gëtt op d'Säit geluecht. Et gëtt och eppes ze gewannen, mee d'Iddi ass einfach e flotten Owend zesummen ze verbréngen, en Owend, deen dann och mat live Musek ofgeschloss gëtt.

We use cookies on our website to support technical features that enhance your user experience. Privacy Policy

×